Gëtt eisen Internet an Zukunft nach méi iwwerwaacht?

Den 13. November huet den Här Staatsminister an enger Ried op der Erëffnung vun de “Luxembourg Internet Days” an an engem Tweet, den Opbau vun engem sougenannte “DDoS Scrubbing Center” annoncéiert. Dësen Zenter soll Deel vun der digitaler Strategie vu Lëtzebuerg sinn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Staatsminister dës Froe stellen:

  • Wéi vill DDoS-Attacken ginn all Dag zu Lëtzebuerg gemooss? Wat ass den Duerchsaz vun dësen an Mbps, Gbps, Tbps o.ä.?
  • Op wéi engem Niveau vum OSI-Schichtemodell géif dëse “Scrubbing” zum Asaz kommen?
  • Géif dëse “Scrubbing” op sougenannte “Deep-Packet-Inspection”-Technologien zeréck gräifen? Wa jo, wien definéiert d’Parameter fir z’entscheede wat legitimmen a wat DDoS-Trafic ass?
  • Am Fall wou “Deep-Packet-Inspection” zum Asaz kéim, wéi garantéiert den HCPN d’Vertraulechkeet vun Internetkommunikatiounen? Géif an dësem Fall och Trafic fir staatlech Serveren dee SSL-verschlësselt ass interceptéiert ginn?
  • Wien decidéiert genee, wéini de “DDoS Scrubbing” an domadder d’Ëmleedung vun de Kommunikatioune stattfënnt?
  • Wéi héich ass de Käschtepunkt vun dëser ugekënnegter Mesure an a wéi engem Budgetsposten ass se virgesinn?
  • Wien géif dësen DDoS-Scrubbing operativ bedreiwen? Géif dëse Service just fir Staatsservicer offréiert ginn oder och fir de Privatsecteur?

Chargéeë: Zanter 3 Méint kee Salaire?

Plusieurs personnes engagées auprès de l’État comme chargé de cours et chargé d’éducation nous ont contactées pour nous informer que l’État n’a pas encore versé de salaire depuis août 2018, ceci en contravention de l’article 221-1 du code de travail. Cependant ils ont reçu des fiches de salaires erronées indiquant des salaires à toucher en dessous d’un euro pour une tâche complète.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes aux Messieurs les Ministres :

  • Messieurs les Ministres peuvent-ils confirmer que certains employés auprès de l’État n’aient pas encore reçu la totalité de leurs salaires dus depuis le mois d’août ? De combien de personnes s’agit-il ?
  • Quelles sont les raisons pour ces retards de liquidation de salaires ?
  • Quel est le montant global des salaires tardifs à verser ?
  • Quelles sont les conséquences légales et financières pour l’État à cause de ces paiements tardifs ?

PDF Versioun

De Countdown leeft!

Nach manner wéi 100 Deeg sinn et bis zu de Chamberwalen 2018 den 14. Oktober 2018.

Och dëst Joer stinn ech erëm als Spëtzekandidat fir d’Piraten am Zentrum um Walziedel, eppes op dat ech immens houfreg sinn, well esou kann ech mäin Deel dozou bäidroen fir de politeschen Débat zu Lëtzebuerg opzemaachen an eng Politik fir jiddereen no vir ze brengen.

Vill ze laang a vill ze heefeg héiere mir emmer déi selwescht Leier, ëmmer déi selwescht Parteien, déi eidel Verspriechunge maachen an no de Walen awer just nach Klientelpolitik maachen.

Dat well ech änneren!

Mir brauchen eng Politik fir Lëtzebuerg déi nët nëmmen fir déi puer ass déi Chance am Liewen haten an hunn, mee fir jiddereen, ob jonk oder manner jonk, ob räich oder manner räich, ob männlech oder weiblech.

Ech setze mech an fir datt eus jonker eng gutt Schoulbildung kréien déi sie fit fir d’Zukunft mécht. Ech wënsche mir fir all eeler Persoun eng Plaz an engem Altersheem esou no wéi méiglech bei der Famill. Ech fuerderen, datt keen Angscht muss hunn net verstanen oder net eescht geholl ze ginn.

Mir brauchen finanziell Entlaaschtungen fir d’Leit mat manner Suen a mir brauche Chance fir jidderen op e bessert Liewen. Dofir setzen ech mech fir eng grondléeënd Steierreform an, déi jiddereen entlaascht a wou een net 3 Joer op säi Remboursement muss waarden.

De Countdown leeft net nëmmen bis zu de Walen, mee och fir jiddereen hei zu Lëtzebuerg!

All Dag deen Leit mat geréngen Akommen mussen op e Steierremboursement warden ass een ze laang, all Dag deen Chargéeë mussen op hir Paie warden ass een ze vill an all Dag wou mir net genuch Pflegekräft a Plazen an Altersheemer hunn ass een wou mir eis schumme mussen.

De Countdown leeft och am Digitalen. Et geet net duer fir bei Tesla d’Bännchen duerchzeschneiden an ze hoffen, datt Google op Lëtzebuerg kënnt. Mir mussen eis Verwaltungen weider digitaliséieren, Projeten no fir dreiwen an dofir suergen datt Daten nëmmen eemol erhuewe ginn a sécher op se opgepasst gett!

Mir brauche keng Regierung déi sech zu Bréissel fir Zensurgesetzer staark mécht an zu Lëtzebuerg eng liberal Fassad weist! Mir brauchen eng Regierung, déi fir eis Wäerter, heiheem, zu Bréissel an an der Welt steet.

Well de Countdown leeft, sinn ech frou an houfreg am Oktober nees um Walziedel ze stoen. Mir hunn e gudde Programm a mir hu super Kandidaten. De Countdown leeft fir eis fir an d’Chamber ze kommen an all Stëmm zielt! Dofir géif ech mech fréeën wann s du den 14.10.2018 fir d’PIRATEN stëmme géifs!